Global Solutions Coaching & Consulting Consultance - Coaching - Formations - Recherche Letzebuerg, den 18.10.2021 Här Chamberpresident, Dir Dammen an Hären Deputéiert, Ech sin erstaunt, dass ech elo Saachen hei zu Letzebuerg erliewen, déi ech a menge 60 Joer nach net erlieft hun. Et kann dach net sinn, dass d'Leit hei zu Letzebuerg gezwonge ginn (psychologesch oder iwwert Erpressung), en EXPERIMENTELLEN Impfstoff ze huelen, deen eng Ausnahmegenehmegung (!) bis Enn 2023 huet. Eleng dat ass scho géint déi fundamental Mënscherechter! Iwwregens gëtt et dozou eng Resolution 2361 vum 27. Januar 2021 vum Europarot (Dir kennt se bestëmmt). https://pace.coe.int/pdf/840ad2aa894c5aaa7dc1bcee5db8b64f93c90dcce035b1fc030b1162 75eab9a2/résolution%202361.pdf. Doranner heescht et ënner anerem am Paragraph 7.3: 7.3.1 „Es ist sicherzustellen, dass die Bürger darüber informiert werden, dass die Impfung NICHT verpflichtend ist, und dass NIEMAND politisch, gesellschaftlich oder anderweitig unter Druck gesetzt wird, sich impfen zu lassen, wenn er dies nicht selbst möchte“ 7.3.2 „Es ist sicherzustellen, dass NIEMAND DISKRIMINIERT wird, weil er nicht geimpft wurde, aufgrund möglicher Gesundheitsrisiken oder weil er sich nicht impfen lassen möchte“ Och wann dës Resolution keng Rechtsverbindlichkeit fir d'EU-Länner duerstellt, esou gesait een awer kloer, dass sech am Europarat méi Gedanken ëm eis Rechter gemaach gëtt wéi hei am Land trotz mindestens 2 Juristen an der Regierung a genuch Juristen an der Chamber an am Staatsrot. Einfach nëmmen traureg. Kee Wonner, dass emmer méi Leit op d'Strooss gin. Dobäi kënnt nach, dass d'Pionéieren (!) vun den MRNA-Impfstoffer, wéi den Dr. Robert Malone an den Dr. Luigi Warren virun deem fréien Asatz vun deenen Impfstoffer warnen, well se net genuch a sérieux getest wieren. Weem gleewt der méi, der Pharmalobby (Pfizer, WHO an EMA) oder den "Erfinder"? Alles nozekucken an der sehenswerter Doku vum Prof. Dr. Haditsch, deen duerch d'ganz Welt gereest ass a Wëssenschaftler, Professoren, Doktoren an Nobelpreisträger iwwert de Corona interviewt huet. https://www.servustv.com/aktuelles/v/aa-28a3dbyxh1w11/ oder https://www.youtube.com/watch?v=F_CR7_8jhpg Yves Boden 149, rue de Cessange tél: +352 621 164 878 L-1321 Luxembourg CCRA: LU44 0099 7800 0040 9904 e-mail: [email protected] An déem Film gëtt och gutt vum Prof. Hockertz erklärt, firwat een NIE an eng Pandemie impft a firwat déi Geimpften responsabel fir d'Variante sinn an net déi Ongeimpften (esou wéi mir dat gebetsmühlenarteg bal all Dag médial ënnerbréet kréien). Zousätzlech get op Grond vu Studien am Film vum Prof. Haditsch och gewisen (an och bewisen), wéi ONZOUVERLÄSSEG de PCR-Test ass, op dée mir eis all Dag baséieren. "Zitat im Deutschen Ärzteblatt von Nobelpreisträger Kary Mullis, Erfinder des PCR-Tests: „Mit PCR, wenn man es gut macht, kann man ziemlich alles in jedem finden.“ – „Die Messung ist nicht (!) exakt.“ – „PCR ist ein Prozess, der aus etwas eine ganze Menge macht. Es sagt Ihnen nicht(!), dass Sie krank sind. Und es sagt nicht(!), dass das Ding, das man findet, Ihnen Schaden zugefügt hätte.“ Quell: https://www.aerzteblatt.de/studieren/forum/137982. An op esou eppes baséiere mir eng Pandemiestratégie, mat all déem Staff an all deene Consulting-Firmaen??? Iwwregens hunn ech op der Homepage vun der FDA gelies, dass sie mam PCR-Test bis Enn des Joers ophaale wellen, well en net genau genuch wier. E kann anscheinend net zwëschen dem Covid an enger saisonnaler Gripp ënnerschéeden !? Wou sinn all déi Professoren, Doktoren (AMMD inklusiv), Recherche-Instituter, Uni, Medien etc., déi di do Pozeduren a Stratégien kritesch hannerfroen hätte kënnen? "OMERTA", géif de Maître Vogel soen. Das Schweigen im Walde. Ech erspueren Iech hei weider Detailer, kuckt d'Doku an, Dir gitt nach vill méi gewuer. Net ze vergiessen och d'Skandaler vu Pfizer: https://corporatewatch.org/pfizer-six-scandals-to-remember/ Ech perséinlech géif esou enger Firma net trauen (sie ass a ganz Amerika bekannt fir Ligge, Bedruch, gefälschte Studien (!) etc.). Ech géif awer och all Mënsch, an der Chamber an och ausserhalb, rekommandéieren, dem Här Schwab säi Buch "The Great Reset" ze liesen. Seng Visioun fir eis Zukunft "Du wirst nichts besitzen, aber glücklich sein" huet mech mée wéi stutzeg gemaach, an doropshin hunn ech säi Buch gelies. Den (erschreckende) Resumé: 1 Weltregierung, déi sech em ALLES këmmert, eng elektronesch Währung idealerweise gekoppelt mat enger digitaler Identitéit, kuerz gesot Kommunismus 2.0. Kée Witz, liest et selwer am Buch no (China ass jo schonn op déem Wee). Wiem dat also gefällt, kann weider de Schwab, WEF, WHO, Gates, Soros asw ënnerstëtzen an hier Agenda och weider hei zu Lëtzebuerg ëmsetzen. Dozou nach 2 flott Dokumentairen: Monopoly: https://www.lelibrepenseur.org/monopoly-qui-possede-le-monde-vostfr/ an Connections: https://youtu.be/iA--zyoA6Mc Och nach e kuerzt Wuert zu den Niewewierkungen vun de Covid-19-Impfstoffer (déi hei zu Lëtzebuerg offiziell praktesch net existéieren, dofir een se awer an enger internationaler Database erëmfennt, an do kann et engem schon elle ginn): VigiAccess (vun der WHO) http://www.vigiaccess.org Yves Boden 149, rue de Cessange tél: +352 621 164 878 L-1321 Luxembourg CCPL: LU95 1111 0365 1038 0000 e-mail: [email protected] Do gëtt een dann an d'Sich-Feld "Covid-19 Vaccine", dreckt op „Adverse Drug Reactions“ an scho kritt Dir bal 2,3 Millione (!) Resultater iwwert Impschied. Erlabt mir nach w.e.g. eng lescht Fro: Firwat ass den "Ongeimpften" op éemol eng Gefor fir de "Geimpfte" ginn? Ass de Geimpften sech net impfe gaangen, fir geschützt ze sinn? Léif Volleksvertrieder, vergiesst net: Dir sitt Volleksvertrieder a keng Pharmalobby. Et ass d'Vollek wat Iech gewielt huet, fir SENG Interessen ze vertrieden a soss kengem seng! Dir kennt nemmen engem Här dingen: entweder dem Schwab a senger Clique oder Ärem Land. Déi zwée sin NET kompatibel! Dir hutt elo gesinn, dass ech hei nëmmen Dokumentairen uginn hun, mat Informatiounen déi jiddfereen selwer iwwerpréife kann, an ech hoffen, dass bei Verschiddenen nach eng Speicherluucht opgeet. Déi lescht Marche Blanche huet jo scho gewisen, dass d'Leit beréet sinn, sech fir hir Fräihéeten anzesetzen. Schwab hin, Schwab hir. Ech hu keng Loscht op weider sozial Spannungen hei am Land, an dofir gëtt et héich Zait, mat déier Masquerade opzehalen. Ech sinn och net vum Schwab senger Visioun iwwerzeegt, dass fir d'éischt alles muss „futti“ gemaach gin, fir dann nées alles frësch opzebauen (build back better). Mir läit de soziale Fridden hei am Ländchen um Häerz, a mat hierem Wee ass dée sécher net ze behaalen. Mat beschte Gréiss, Yves Boden Yves Boden 149, rue de Cessange tél: +352 621 164 878 L-1321 Luxembourg CCPL: LU95 1111 0365 1038 0000 e-mail: [email protected]
Enter the password to open this PDF file:
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-
-